MAGICA Club Lëtzebuerg

De Magica Club ass eng A.s.b.l. an där sech lëtzebuergesch Zauberkënschtler zesummefonnt hunn.
De Club ass den 11. Mäerz 1998 gegrënnt ginn. Den Zweck vum Club ass et Lëtzebuerger Zauberkënschtler an d’Zauberkonscht am Allgemengen ze fërderen. De Club ass 2003 der “Fédération internationale des sociétés magiques” (FISM) beigetrueden.
Zënter 1998 gëtt all Joer eng Foire des Magiciens mat engem Jugendconcours an engem grousse Galaowend mat internationalen an nationalen Zauberkënschtler organiséiert.

Interesse un Zauberei? Mellt ierch bei engem Member oder iwwer [email protected]

Mei op http://www.magica.lu/